top of page
ech sinn um Enn_edited.jpg

ECH SINN UM ENN VUN DEEM, WAT ASS 

Samuel Hamen
Liesung

05. 05. 2024, 17:00

07. 05. 2024, 20:00

08. 05. 2024, 20:00

D’Virstellungskraaft an Zäite vun de Krisen

„Ech ka mir virstellen, datt ...“ Sou fänkt dem Samuel Hamen säi Monolog un, deen hien als Optragswierk fir dës Saison vum Théâtre National du Luxembourg geschriwwen huet.

Wat ass nach méiglech – an dësem Land, an dëser Landschaft, an dësem Liewen? A wat ass scho längst onméiglech ginn, am Denken an am Maachen, well sech d'Virstellungskraaft duerch d'Bascht gemaach huet? No engem Dag an der Stad, deen anescht wéi geplangt gelaf ass, stellt sech eng Figur déi Froen – a fënnt Äntweren dorops, déi tëscht Roserei a Witz, Polemik a Melancholie hin an hierginn.

Ech sinn um Enn vun deem, wat ass, dat ass eng rhythmesch an halluzinant Sich an der Sprooch, fir dat ze verteidegen, wat d’Konscht ausmécht: sech eppes Schéines, Neies, eppes Aneres virzestellen. Mee ass dat nach méiglech an enger Lëtzebuerger Realitéit, an där engem ëmmer méi dacks d'Loft fir ze ootmen ewechbleift? Ze séier, deier an däischter ass alles ginn.

​Sou gerode perséinlech a politesch Selbstverständlechkeeten a Beweegung, ugedriwwe vu just enger Stëmm op der Bün a vun de Biller an de Käpp vum Public. Ee sou intime wéi intensiven Text, ganz no un eiser Zäit, an engems verfaangen am Wonsch, op Distanz zu hir ze goen. Interpretéiert gëtt den Text vun der Lëtzebuerger Schauspillerin Jeanne Werner, déi esouwuel am Film wéi op der Bün doheem ass.

 

Text: Samuel Hamen

Mat: Jeanne Werner

Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg

Ce qu'en dit la presse

bottom of page