top of page
Anja di bart_edited.jpg

@ano.astra47

Anja Di Bartolomeo/Liss Scholtes
Uropféierung

21.05.2026, 19.30

22.05.2026, 10.00

22.05.2026, 19.30

04.06.2026,10.00

05.06.2026,10.00

07.06.2026,17.00

En anonyme Voice Chat. Véier jonk Mënschen. Stëmmen ouni Gesiichter. Ongefiltert. Raw. Wat geschitt, wann s de d‘Maske fale léiss? Et ass alles just e Spill. Bis dem Stella seng Verbindung op eng brutal Manéier ofgebrach gëtt. 

 

"Wann s du de Point of no return bis erreecht hues, da gëtt et keen zréck. Du kanns net ëmdréien, d’Richtung net méi wiesselen. Näischt kann dech méi ophalen. Näischt dech bremsen …”

 

 

Véier jonk Mënschen an engem anonymmen Dauercall. Den Hugo, d’Kayla an de Leo versichen alles, fir datt en ophält. Ouni Erfolleg. Dat kann nëmmen dem Astra seng Schold sinn, do sinn sech déi dräi eens. Hatt ass suspekt, eng richteg „Stalkerin“, weess Saachen, déi hatt am Fong net wësse kann. Ma ween ass hatt? A wee sinn déi aner? Vläicht kennen si sech jo. Vun enger Partynuecht, déi eskaléiert war. Ass et dat, wat si all matenee verbënnt? Oder ass alles just e bizarren Zoufall? E Stéck voller Spannung, verstoppte Geheimnisser an onerwaarten Tournuren, dat op Basis vun den Iddië vu Jonken entstanen ass. 

 

@ano.astra47 ass e Stéck, dat op Basis vum Input an den Iddië vu Jonken entstanen ass. D’Anja Di Bartolomeo, d’autrice en résidence vun der Saison 25/26 am TNL, huet jonk Mënsche befrot – oder besser huet hinne genau nogelauschtert an doraus eng eege Geschicht entwéckelt, déi vum Liss Scholtes inszenéiert gëtt. Et ass hir drëtt Inszenéirung am TNL, an dës Kéier gräift si op partizipativ Elementer zréck, déi déi jonk Leit direkt an den Theaterprozess eranzéien.

 

D‘Anja Di Bartolomeo, Joergang 1978, ass eng villfach ausgezeechent fräischaffend Autrice, déi Prosatexter, Lauschter- an Theaterstécker fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener schreift. 2023 gouf hire Jugendroman Koma 21 mat dem Publikumspräis beim Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. 2024 huet si zudeem den éischten an den zweete Präis beim Nationale Kanner- a Jugendliteraturpräis gewonnen. An deene leschte Joren huet si ganz vill fir d’Kannerkëscht vum Radio 100,7 a fir d’Philharmonie geschafft. D’Anja Di Bartolomeo setzt sech an hiren Texter vill mat aktuelle Sujeten auserneen an engagéiert sech besonnesch fir Inklusioun. Nieft hirer Tätegkeet als Schrëftstellerin ass d’Anja Di Bartolomeo och nach Presidentin vun der ALAN – Maladies Rares Luxembourg.

Text: Anja Di Bartolomeo

Regie: Liss Scholtes

Bün: Alex Gahr

 

Mat:  Félix Adams, Nicolas Lech, Noémie Ney, Anna Marie Schneider,

Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg

Merci un Théâtres de la Ville de Luxembourg an den TOL fir d'Beréedstellung vun engem Prouwesall.

CONTACT US

194, route de Longwy

L-1940 Luxembourg

Luxembourg

E-mail: info@tnl.lu

  • Grey Twitter Icon
  • Grey Facebook Icon

© 2019 by Théâtre National du Luxembourg

OFFICE OPENING HOURS

Monday - Friday: 9am - 5pm

LOGO TNL.jpg
bottom of page