top of page
Babyphone, Lugdivine Unfer_edited.jpg

Babyphone

Guy Rewenig/Sascha Ley
 
Uropféierung

12.10.2025, 17.00

17.10.2025, 19.30

28.10.2025, 19.30

En ale Babyphone, dee scho véierzéng Joer net méi a Betrib war, spréngt aus onerkläerleche Grënn op eemol nees un. D'Talaya lauschtert onfräiwëlleg d'Gespréicher a sengen Elteren hirer Schlofkummer mat.  

​

D‘Talaya héiert eppes, wat hatt sou widdert de Kapp stéisst, datt hatt nëmme méi ee Gedanke huet: säi Papp ofzeschéissen. Et dauert net laang, bis déi ganz Famill aus der Bunn geworf gëtt. 

​

Dem Guy Rewenig säin ironesche Monolog Babyphone karikéiert déi sougenannt “helleg Famill”: Alles ass op eemol anescht, wéi et schéngt, keen traut méi deem aneren, et ass Feierowend mat der Harmonie, et kënnt zu engem gëftege Sträit, deen net méi ophéiert, an um Enn bleift just en Trio vun Egoisten iwwreg. 

​

Begleet vum Stella Riolino als „Oeil Extérieur“ proposéiert d'Sascha Ley eng Mise en Espace, déi sech vu Kommunikatiounselementer aus dem heitegen Alldag inspiréiert – Instagram oblige … Mat Soundeffekter, musikalesche Momenter a schauspillerescher Akrobatik ginn déi dräi Personnagë vun der Mamm, dem Papp an der Duechter an dëser szeenescher Liesung ënnert d'Lupp geholl an op eng schmäerzerfrëschend Aart a Weis interpretéiert. 

 

Text : Guy Rewenig 

 

Mise en Espace a Spill : Sascha Ley 

 

Oeil Extérieur an Assistenz : Stella Riolino 

 

Musek a Sounds: Loosst iech iwwerraschen 

 

Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg 

CONTACT US

194, route de Longwy

L-1940 Luxembourg

Luxembourg

​

E-mail: info@tnl.lu

  • Grey Twitter Icon
  • Grey Facebook Icon

© 2019 by Théâtre National du Luxembourg

OFFICE OPENING HOURS

Monday - Friday: 9am - 5pm

LOGO TNL.jpg
bottom of page