top of page
p verréck(el)tbis_edited.jpg

Verréck(elt)

Maggy Molitor/Jacqueline Posing-Van Dyck

Uropféierung

12.05.2027, 19.30

14.05.2027, 19.30

16.05.2027, 17.00

18.05.2027, 19.30

19.05.2027, 19.30

20 Joer lang huet d’Maggy Molitor mat de Kolleginnen vun de Makadammen d’Lëtzebuerger Cabaretsszeen opgemëscht. Virun zwee Joer mécht d’Maggy Molitor dunn am TNL mat Ouni Filter e Versuch, nei Weeër ze goen. An dee Versuch geléngt.

Dës Kéier freet d’Maggy Molitor: Wien huet alles geréckelt an domatter alles verréck(el)t a lo si mir all verréckt? Ver…réckt ass kee Virworf, mee vill méi spannend wéi normal. A wat ass iwwerhat normal? Wie bestëmmt dat?

Verréck(el)t ass e Cabaretsprogramm iwwert de ganz normale Wansinn oder de wansinneg normalen Alldag. E Programm, bei deem een denkt: Sou ver… réckt sinn dach just ech, mee all déi aner och? En Owend baussen der Norm, fir all déi, déi gär mol aus der Kéier fléien, anstatt ëmmer an der Spuer ze bleiwen.

Wa scho laang kengem méi opfällt, wat normal ass, dann invitéiere mir Iech, dat emol eng Kéier hei am TNL op de Leescht ze huelen. Wéi gewinnt inszenéiert d’Jacqueline Posing-Van Dyck mat vill Schmackes a flotter Live-Musek pointéiert Monologen a skurill Dialogen, déi äis dinn driwwer ze laachen, wat alles hautjesdags verréck(el)t ass. Well: Schif ass lo dat neit Riicht.

 

Text: Maggy Molitor

Konzept a Regie: Jacqueline Posing-Van Dyck

Bün: Christoph Rasche

Kostümer: Denise Schumann

Mat: Maggy Molitor, Nicolas Lech, Manfred Logelin

Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg

Ce qu'en dit la presse

CONTACT US

194, route de Longwy

L-1940 Luxembourg

Luxembourg

E-mail: info@tnl.lu

  • Grey Twitter Icon
  • Grey Facebook Icon

© 2019 by Théâtre National du Luxembourg

OFFICE OPENING HOURS

Monday - Friday: 9am - 5pm

LOGO TNL.jpg
bottom of page