top of page
p hiren hippbis_edited.jpg

Hiren Hipp

Pol Greisch/Frank Hoffmann
Szeenesch Liesung
Kreatioun


 

15.12.2026, 19.30

16.12.2026, 19.30

17.12.2026, 15.00

17.12.2026, 19.30

De 15. Februar 2026 huet de Pol Greisch eis verlooss. Säi Numm steet stellvertriend fir d’Renaissance vum Theater op Lëtzebuergesch vun de 60er Joer un bis bal haut. Mat dësem Owend wëllt den TNL him eng kleng Reverenz erweisen.

​

Nom Pol sengem Doud huet säi Jong Cary an engem Tirang e komplett onbekannt Stéck fonnt. Hiren Hipp ass en Text vun 1993, also entstaan kuerz no sengem Wierk E Stéck Streisel, wat deemols e grousse Succès war. Hiren Hipp ass souzesoën en typesche Greisch: kloer gezeechent Figuren mat enger déiwer Mënschlechkeet, engem wonnerbaren Humor, enger präziser Sprooch a – mir näischt, dir näischt – enger sozialer Analys vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sengesgläiche sicht.

​

Nom Doud vun hirem Mann geet d’Claire, eng gutt bierger-lech Dämmchen aus der Stad, regelméisseg an de Park a verdeelt e Grappvoll Mëtschen un dräi Strummerten, déi sech do ophalen. Enges Dags kräizt bei de Strummerten e komesche Personnage op, den Hipp, dee selwer zimlech erofkomm ausgesäit. Wéi op eemol d’Claire den Hipp an hirem eegene Keller um Buedem virfënnt, entspënnt sech eng turbulent Geschicht, déi dem Claire seng biergerlech Welt op d’Kopp geheit.

​

De Frank Hoffmann huet e puer Leit ugeschwat, déi zum Deel nach mam Pol Greisch geschafft hunn an an enger éischter Skizz och vum Pol deemols fir eng Roll virgesi waren. Zesumme mat méi jonke Kollegen stelle si Hiren Hipp an enger szeenescher Liesung fir d’éischt engem Publikum vir. Dem Pol Greisch säi lescht Stéck Fënsterdall gouf 2008 am TNL kreeéiert. Elo kënnt de Pol zréck an den TNL a wäert eis all iwwerraschen.

​

Regie: Frank Hoffmann

Regieassistenz: Stella Riolino

Musek: Coralie Greisch (Cello) a Cary Greisch (Gittar), inspiréiert vun "Roméo et Juliette" vum Berlioz

Mat: Claude Faber, Hana Sofia Lopes, Marco Lorenzini, Jean-Paul Maes, Christiane Rausch, Annette Schlechter, Roger Seimetz

​

Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg

​

Relaxed Performance

 

Ce qu'en dit la presse

CONTACT US

194, route de Longwy

L-1940 Luxembourg

Luxembourg

​

E-mail: info@tnl.lu

  • Grey Twitter Icon
  • Grey Facebook Icon

© 2019 by Théâtre National du Luxembourg

OFFICE OPENING HOURS

Monday - Friday: 9am - 5pm

LOGO TNL.jpg
bottom of page