
CAFE TERMINUS
Frank Hoffmann (nom Eugene O'Neill)
E Stéck aus der Lëtzebuerger Nuecht
Uropféierung
09.03.2023, 20.00
11.03.2023, 20.00
12.03.2023, 17.00
14.03.2023, 20.00
23.03.2023, 20.00
24.03.2023, 20.00
25.03.2023, 20.00
Lëtzebuerg 2039. Et ass Krich. Oder Kris. Op alle Fall gëtt et Problemer zu Lëtzebuerg. D’Situatioun huet sech esou zougespëtzt, dass e puer komesch Leit sech an en alen, liicht delabréierte Café, de Café Terminus, zréckgezunn hunn, aus Angscht virum Dobaussen, aus Angscht virun der Zukunft.
Am Café Terminus setzen, kann ee bal soen hausen allerhand Leit, Leit vum Bord vun der Gesellschaft, ratéiert Existenzen, verzweifelt vläicht, awer dach voller grotesker Hoffnung op e „Muer“, dat besser soll ginn. Dës Figure si wéi e Spigelbild vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, all Schichte si vertrueden an d’Sproochen, déi si schwätzen, sinn déi, déi an eisem Land geschwat ginn. Si liewen an hiren Dreem an hiren Illusiounen, diskutéieren, debattéieren,streiden, feieren a laachen. An drénke méi, wéi erlaabt ass. D’Lidder, déi si sangen, an iwwerhaapt d’Musék sinn e wëllkommene Wee, mat der béiser Realitéit eens ze ginn.
Dës kleng, protegéiert Welt kënnt op deem Dag un d’Wackelen, wou den Hary, Patron vum Bistro, säi ronne Gebuertsdag feiert. Alles ass op eemol anescht, de Krich oder d’Kris, déi bis elo jüst dobausse waren, brieche mat vollem Karacho an de Café Terminus eran ...
Mat Café Terminus entwerft de Frank Hoffmann eng poetesch Dystopie vun eisem Land. Den Text, deen hie mam Florian Hirsch eraarbëcht hued, verschafft op eng fräi Manéier Motiver aus dem Stéck The Iceman Cometh vum amerikaneschen Dramatiker Eugene O’Neill. Café Terminus, e Stéck aus der Lëtzebuerger Nuecht, ass mat wonnerbare Schauspiller a Muséker besat, déi een alleguer an de leschte Joeren op Lëtzebuerger Bühnen erliewe konnt.
Text a Regie: Frank Hoffmann
Dramaturgie a Textmataarbecht: Florian Hirsch
Bün a Kostümer: Jasna Bosnjak
Soundeffekter: René Nuss
Lutdesign: Daniel Sestak
Assistenz: Jacques Schiltz, Pauline Cano
Mask : Joël Seiler, Meva Zabun
Garderob : Yolande Schmit
Requisiten : Maria Binica
Mat: Felix Adams, Marc Baum, François Camus, Esther Gaspart-Michels, Maria Gräfe, Nora Koenig, Hana Sofia Lopes, Marco Lorenzini, René Nuss, Adrien Papritz, Philippe Thelen, Serge Tonnar
Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg
Koproduktioun: CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbrück