top of page
kleeschen2_edited.jpg

Kleeschen

Roger Seimetz/Ela Bauman

Kleeserchergeschichte fir Kleng a Grouss

Reprise

27.11.2025, 10.00

28.11.2025, 10.00 & 14h30

29.11.2025, 17.00

30.11.2025, 17.00

D’Erwaardung ass grouss, wa Kleeserchersdag nees virun der Dier steet. D’Tellere sti bereet an d’Kanner sinn immens opgereegt. 

​

 Dat klengt Liischen wëll allerdéngs net waarde bis de nächste Mueren. Mat sengem Teddybier am Grapp schläicht hatt sech heemlech erof an d’Kichen. Ma wat hatt do erlieft, hätt et a senge kéngsten Dreem net gedreemt.

​

 Mat vill Musek a bekannte Melodië fir mat ze summen a mat ze sangen, kréien d’Geschichten op der Bün en neit Liewen. D’Kanner wäerte staunen an déi Grouss e bësse schmunzelen. De Kleesche muss sech net nëmme mat neimoudesche Kannerwënsch ausenaner setzen, ma en däerf och net am Park-verbuet parken. A wéi erkläert een nëmmen engem Polizist, datt et keng Carte d’identité fir e Kleesche gëtt?

 

Zanter ville Joeren gehéieren dem Roger Seimetz seng Geschichten ronderëm de Kleeschen an den Houseker zum selbstverständleche Begleeder vun deem Dag, dee fir vill Kanner dee wichtegsten am Joer ass. Dës Geschichten, déi e bessi aneschters sinn wéi dat, wat een esou landlefeg kennt, goufen um Radio gesent a sinn op CD erauskomm, munch dervun esouguer op däitsch. D’Ela Baumann, dat bekannt ass fir säin Talent, Musek an Text op eng onkonventionell Art a Weis aneneen ze verwieven, wäert d’Kanneraen zum Liichte bréngen. Virun zwee Joer war den TNL bal ze kleng, fir all déi Leit z’emfänken, déi dem Kleeschen begéine wollten. Duerfir kënnt hien dëst Joer nach eng Kéier. An zwar an Topform!

​

Text: Roger Seimetz

Regie: Ela Baumann

Bün a Video: Krischan Kriesten

Kostümer: Anna Bonelli

Musek: Fränz Hausemer, Benoit Martiny

 

Mat: Roger Seimetz (Erzielung), Fränz Hausemer a Benoit Martiny (Musek)

​

Eng Koproduktioun: Théâtre National du Luxembourg, Schungfabrik Tétange

Ce qu'en dit la presse

CONTACT US

194, route de Longwy

L-1940 Luxembourg

Luxembourg

​

E-mail: info@tnl.lu

  • Grey Twitter Icon
  • Grey Facebook Icon

© 2019 by Théâtre National du Luxembourg

OFFICE OPENING HOURS

Monday - Friday: 9am - 5pm

LOGO TNL.jpg
bottom of page