Nom iesse gi mer an den hobbykeller

Guy Rewenig / Frank Hoffmann

Uropféierung

22.10.2019 20h00 

24.10.2019 20h00

25.10.2019 20h00

15.11.2019 20h00

16.11.2019 20h00

17.11.2019 17h00

19.11.2019 20h00

20.11.2019 20h00

TNL

29.11.2019 20h00

30.11.2019 20h00

CAPE Ettelbruck

Zwee Männer, e Procureur an e Riichter, treffe sech fir eng Aussprooch an engem ofgeleeëne Weekendhaus matzen am Éislek. De Procureur ass skeptesch: Ech muss éierlech soen: Wéi Dir mech invitéiert hutt, war ech paff. Firwat invitéiert hie mech?, hunn ech mech gefrot. Wat stécht do derhannert? Ass et Taktik? Wëllt hien eppes vu mir hunn?

 

Wat ufanks ausgesäit wéi e gemittlechen Härenowend, entwéckelt sech lues awer sécher an eng onerwaarte Richtung. Wéi de Riichter nom Iesse virschléit, säin neien Hobbykeller ze besichen, kënnt et zu engem Debakel.

 

Dem Guy Rewenig säi Stéck Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller erzielt, wéi vun engem Ablack op deen aneren déi charmant a friddlech Fassad vun der Lëtzebuerger Bourgeoisie zesummebrieche kann. Et ass eng gëfteg “Heemechtsparodie” mat schwaarzen Akzenter. An der éischter Rei sëtzen dës Kéier Juristen „de tous bords“.

 

Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller ass och mat engem klenge Jubiläum verbonnen: De Frank Hoffmann inszenéiert fir déi 10. Kéier e Rewenig-Stéck. Dës laangjäreg Verbindung vun engem Auteur an engem Regisseur huet viru 36 Joer zu Esch an der Kulturfabrik ugefaang. Hei d'Chronologie vun de Stécker:

 

Matzen am Wanter brennt den Äisbierg (Kulturfabrik Esch 1983)

Fräi Nuecht (Kulturfabrik Esch 1985)

De Meeschter fält vum Himmel (Kapuzinertheater 1987)

Die Maikäfer überfallen ein Landhaus (Kapuzinertheater 1988)

Eisefrësser (Escher Theater 1994)

Summerzauber (Kapuzinertheater 1997)

Schock la Muuss (TNL 2006)

Manderscheid. Ein Stillleben (TNL 2011)

De schéine Männchen (TNL 2016)

Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller (TNL 2019)

Text Guy Rewenig

 

Regie Frank Hoffmann

Bühn Christoph Rasche

Kostümer Christoph Rasche, Denise Schumann

Musek Patrick Gafron, Steve Lamesch

 

Luucht Daniel Sestak  

Regieassistenz Patrick Gafron, Laura von Blanckenburg 

Mask Joël Seiler

Garderobe Yolande Schmit

Technesch Leedung Zeljko Sestak

Technik Elvis Monteiro, Srjdan Petrovic

 

Mat Marc Baum, Jean-Paul Maes

 

Produktioun Théâtre National du Luxembourg

Photos © Bohumil Kostohryz

PRESSESTËMMEN

“Rewenigs bissige Heimatparodie bietet einmal mehr Einblicke hinter die bürgerliche Fassade Luxemburgs. Der Text entlarvt den (vermeintlich) toleranten Diskurs einer Gesellschaft, die im Überfluss lebt, und stellt sie ironisch vor die Frage unseres Umgangs mit hier lebenden Minderheiten, ob nun PortugiesInnen, SerbInnen oder Geflüchtete aus dem Mittelmeerraum. Durch den Verfremdungseffekt wird klar: Der Fremde – das sind auch wir!"

ANINA VALLE THIELE, TAGEBLATT

CONTACT US

OFFICE OPENING HOURS

Monday - Friday: 9am - 5pm

194, route de Longwy

L-1940 Luxembourg

Luxembourg

E-mail: info@tnl.lu

  • Grey Twitter Icon
  • Grey Facebook Icon

© 2019 by Théâtre National du Luxembourg