top of page
Untitled design(7)_edited.jpg

BEIM DICKS

TNL Theaterschmëtt

 

Sproochecafé

27.04.2023, 20.00

04.05.2023, 20.00

 

D'TNL-Theaterschmëtt bitt alle Leit d'Méiglechkeet un fir op enger professioneller Bün ze stoen. Dëst Joer feiere mir den Edmond de la Fontaine, eisen Nationaldichter, besser bekannt ënnert dem Numm "Dicks". Virun 200 Joer huet Lëtzebuerg nach ganz anescht ausgesinn wéi den Dicks an engem Koméidisstéck schreift: "Ech wor zu Paräis an nach ewell zwou Stonn hanner Paräis." Esou Reesen waren deemools éischter rar, haut liewen mir zesummen mat 47,1% Auslänner déi aus 170 verschiddenen Länner bei eis komm sinn.

Schnell war d'Iddi gebuer dem Dicks säi Wierk an engem Sproochecafé de Leit méi no ze bréngen an e Stéck vun eiser Kultur mat hinnen ze deelen. Mir spillen, sangen, poteren, iessen an drénken zesummen am Sproochecafé a si voll motivéiert dësen Owend esou beräicherend wéi méiglech ze gestalten. Den Dicks géing sech freeën.

Ce qu'en dit la presse

Texte

 

—  Auteur, Journal

todsuenden_hp1a-188thorstenwulff_5f774898107e77.85700685.jpg
bottom of page