Home
Spielzeit
Vorwort .  
"in residence" .  
Kalender .  
Tournee .  
Ausserdem .  
News
Interaktiv
Junges Publikum
Tickets
Presse
Kontakt
Archiv

Version française
Der Autor "in residence", Jean-Paul Maes

Jean-Paul Maes wuchs in Niederkorn auf. Nach der Grundschule dort besuchte er die Gewerbeschule in Esch/Alzette, bevor er eine Lehre als Drucker beim Tageblatt machte. Später nahm er verschiedene Gelegenheitsjobs wahr. In dieser Zeit wandte sich Jean-Paul Maes stärker dem Theater zu. Er besuchte das Konservatorium in Esch/Alzette, spielte bei der Differdinger Union Théâtrale sowie beim TOL (Théâtre Ouvert Luxembourg) und gründete die freie Theatergruppe Bühne 77, die Guy Rewenigs Stück Am Schied vum Walzwierk uraufführte. 1978 bestand er die Schauspielprüfung an der Hochschule für Musik und darstellende Kunst in Graz. Nach der Schauspielschule nahm Jean-Paul Maes ab 1981 verschiedene Schauspielangebote und Gastspiele in Bregenz, Bamberg, Osnabrück (1985-88) und Frankfurt/Main an. 1988 kehrte er nach Luxemburg zurück, wo er als freier Schauspieler, Regisseur und Schriftsteller vor allem am Escher und Kapuzinertheater sowie am Théâtre du Centaure wirkte. Thema der luxemburgischsprachigen Theaterstücke von Jean-Paul Maes sind die Geschichte und Gesellschaft Luxemburgs. Die in der Tradition des gesellschaftspolitischen Volksstücks stehenden Dramen entwerfen ein kritisches Bild einer im Wandel begriffenen Gesellschaft, die zwischen Tradition und Moderne als gestört gezeichnet wird. Jean-Paul Maes adaptierte des Weiteren Op der Juecht & D'Kirmesgäscht (1989) von Dicks und Frësch bestued (1990) von Ernst Binder. Eine Auseinandersetzung mit der Luxemburger Literatur erfolgt in Eitopomar, das in Trier 2003 uraufgeführt wurde und Elemente aus der Biografie und dem Werk von Norbert Jacques aufgreift, sowie im Einakter Déi gestéiert Hexeversammlong zu Käerch (1995), für den er auf Nikolaus Gredts Luxemburger Sagenschatz als Vorlage zurückgriff.

Das Volksstück ist auch Gegenstand der theaterfördernden Aktivitäten von Jean-Paul Maes. Zusammen mit Jean Asselborn gründete er 1991 das Steinforter Theaterfestival, 2001 rief er das Act-In-Festival für junge Dramatiker aus kleineren europäischen Sprachregionen ins Leben und leitet seit kurzem das KALEIDOSKOP-THEATER in Tétange.

Claude D. Conter, Luxemburger Autorenlexikon

Gebuer gouf ech zu Esch/Uelzecht, ka mech awer do guer net méi drun erënneren, wuel well mir ëmmer zu Nidderkuer gewunnt hunn, hei sinn ech opgewues, an d'Schoul gaang, hunn déi Nidderkuerer kenne geléiert, si mech, mir sinn eens matenee ginn, haaten eis esouguer richteg gären. Och wann et net ëmmer, an der Kandheet a besonnesch an der Jugend, esou liicht wor. Méng éischt Stécker si sécher Nidderkuerer Stécker. Méng spéider …? Vläicht och, well … all Stéck jo mat engem ze dinn huet. Mee loosst eis net ze vill op dat Nidderkuer agoen, well Nidderkuer kann och anzwou anescht sinn an ass leschtenenns iwwerall.

Esch koum dunn awer erëm, Lycée an eng Léier als Buchdrécker, wou kee vun eis glécklech derbäi gouf, net déi al Gutenberggilde a scho guer net ech. Deemols haat ech scho Kontakter an d'Theaterszeen, hu kuerz beim Loschen Heng um Escher Conservatoire geléiert, eng kleng Roll am TOL beim Marc Olinger gespillt an hunn dunn dee Beruff geléiert, deen ech mer am Fong ëmmer gewënscht haat – 1979 sinn ech an Eisterräich gaangen, fir op der "Hochschule für Musik und darstellende Kunst" zu Graz ze studéieren, gouf duerno a verschiddenen Theateren an Eisterräich an an Däitschland engagéiert - a Papp vun, fir d'éischt emol eisem Karoline, eppes méi spéit eisem Rosalie a fir d'lescht, do wore mer schonn erëm zu Lëtzebuerg (vu 1988 un), vun eisem Félix.

1990 ass mäin éischt Stéck am Kapuzinertheater kreéiert ginn "Manila, du mäin hiirzegt Kand", weider gung et mat "Quick Step" iwwert "Good Night Sweetheart" bis "Singapur" do, zu Esch koume vu mir eraus: "Péiténg", "Mir gesinn eis jo nëmmen all Joer eng Kéier hei am Abrëll", "Hei ass et schéin", beim Stengeforter Festival, deen et 20 Joer laang gouf, "E Stéck Vollék", "Gléck" "Wat d'Mécken denken", am Theater der Stadt Trier "Eitopmar" an nach ë puer anerer. Eng Partie Rollen hunn ech hei zu Lëtzebuerg gespillt a leeden elo, dat ass ganz nei, den KALEIDOSKOP-THEATER, deen säi Sëtz zu Téiténg an der Schongfabrik huet.

Jean-Paul Maes