• Einzelheiten
  • Kalender
KB2018 (c) boshua_580

TNL Kannerbühn

TNL Kannerbühn – 7 Juli um 17:00

 

De 7. Juli 2019 presentéiert d’TNL Kannerbühn wéi all Joers hiert Theaterstéck dat d’Participante selwer erfonnt a geschriwwen hunn. Wärend engem ganze Schouljoer hu sech d’Kanner spilleresch mat verschiddenen Theatertechnike vertraut gemaach an sech haaptsächlech mat der Entwécklung vun hirem Personnage beschäftegt. D’Stéck dëst Joer handelt vun der Zerstéierung vun engem Planéit an der Sich no de Schëllegen, vum Ukommen an enger friemer Welt, vun engem Zauberbësch wou d’Déiere kënne schwätzen a vum Zesummeschaffen. D’TNL Kannerbühn geet och weider an der nächster Saison. Kanner tëscht 8 an 12 Joer déi Loscht hunn Theater ze spille kënne sech beim Jill Christophe (jill.c.christophe@gmail.com) umellen! Tickets 10€ Erwuessener, Kanner gratis! Reservatioun per Telefon (+352 26 44 12 701) oder Oweskeess.