• Einzelheiten
  • Kalender
  • D’Fatzbeidelen

       Théâtre, TotalTheaterTreffen

    Autor:

    Norbert Weber

    Regie :

    Tom Dockal

    Bühne :

    Paul Schumacher (artiste visuel)

    Vidéo :

    Paul Schumacher (artiste visuel)

    Mit:

    Marc Baum, Pol Hoffmann

    Eine Produktion:

    Théâtre National du Luxembourg

  • Tickets Samstag
    15 November 2014
    20:00
fatzbeidelen_total2

D’Fatzbeidelen

Den Entworf vun enger Uropféirung

Op lëtzebuergesch

 

D’Fatzbeidelen. E Stéck fir ze laachen, fir ze liesen a vläicht fir ze spillen.

Wat hunn d’Flugdauer vun engem Superjet vun Dibella op Fochimi (bei gënschtege Wiederconditiounen), Wirschtecher, e Mann mat enger Schéier am Bauch, e Mann (een aneren) mat enger Trompett um Balcon vun engem Schlass, 137 Pomjeeën, 10 Ënneroffizéier, e Ruddel déck Fësch a gefreckte Mécken mateneen ze dinn?

 

À la base iwwerhaapt näischt. Mee beim NoWe, engem vu ville Pseudonymen vum Norbert Weber, fannen all dës Personnagen a Liewewiesen (292 am ganzen) Plaz an deem bis haut onopgeféierte Stéck. Mat enger gesonder Portioun Absurditéit an enger Roserei an der Panz huet de Weber op e puer Säiten net just den Theater, mee och de “Lëtzebuerger” op d’Schëpp geholl an an d’Waasser gehäit… fir z’ersaufen natierlech.

 

Den Auteur Norbert Weber huet sech virun allem mat senge Stécker De Bretzert, Dicksereien oder och nach Déck Nëss fir d’Vollék e Numm gemaach. Ma de NoWe war och den Auteur fir eng sëlleche Revue’en vum Lëtzebuerger Theater, huet Märecher fir d’Bühn adaptéiert an huet Lauschterspiller geschriwwen.

 

Am Kader vu La Volante, enger Initiative vun TOTAL THEATRE, gi jonk Regisseuren aus der Groussregioun ënnerstëtzt. De Lëtzebuerger Tom Dockal, dee bis elo als Assistent geschafft huet, geet hei seng éischte Regieschrëtt. Hien entwerft e Konzept vun enger Mise en scène, déi sech net nëmmen un d’Spezialisten, mais och un de grousse Public riicht.

 

 

.