Home  /  News  /  Maach Theater- Inscriptions saison prochaine
BIBEL TV (c) boshua_1020

Maach Theater- Inscriptions saison prochaine

Den TNL Jugendclub Maach Theater! gëtt et mëttlerweil schonn iwwer 12 Joer. Mat 14 Uropféierungen ass den TNL Jugendclub am Laf vun de Joeren an der lëtzebuerger Theaterzeen scho bal zu engem Begrëff gi fir originellen an innovativen Theater vu jonke Leit. Den TNL Jugendclub ass eng Plateform déi et Jugendlechen erméiglecht, déi verschidde Facetten a Beruffer vum Theater ganz praktesch a konkret kennenzeléieren a vrun allem all Joer en neit Stéck z’entwéckelen, ze schreiwen, z’inszenéieren an ze spillen, ënnert professionneller Begleedung.

 

Aschréiwung fir déi nächst Saison

Wanns Du Loscht hues d’nächst Saison matzemaachen oder einfach méi wëlls wëssen iwwert den TNL Jugendclub, kanns Du Dech hei mellen : jill.c.christophe@gmail.com