Home  /  News  /  BIBEL TV vum TNL JUGENDCLUB
BIBEL TV (c) boshua_0566

BIBEL TV vum TNL JUGENDCLUB

Am Meederschersinternat – oder solle mir soen: Nonnebunker – lafen zur Zäit komesch Saachen of. Näischt ass esou wéi et schéngt. Ween huet sech tatsächlech getraut e Graffiti un d’Klouschtermauer ze sprayen? Wou ass der Directrice hir Katz? Iergendee plangt eppes Verbuedenes an et schéngt wéi wann sech d’Nonnen net wierklech beméien eppes ze ënnerhuelen. Wéi dunn och nach ee Meedche verschwënnt, ass et un de Schüler erauszefannen, wat genau ofleeft.

15 Jugendlech vum TNL Jugendclub stinn dëst Joer op der Bühn an engem selwergeschriwwene Stéck.

 15., a 16. Juni um 20h00

Théâtre National du Luxembourg